
An der Klass vun der Madame Fabienne Casel ass an de leschte Wochen e ganz besonnesche Projet ëmgesat ginn, mat der Hëllef vun der Madame Corinne Franck (Member vun der Société avicole de Belvaux): “Vum Ee zum Hong”. Mat vill Begeeschterung a Virwëtz hunn déi kleng Kanner aus dem Cycle 1, d’Wonner vum Liewe mat erlieft.
Alles huet mat e puer Eeër ugefaangen, déi virsiichteg an en Inkubator geluecht goufen. All Dag während 21 Deeg hunn d’Kanner an d’Léierin zesummen där Saach nogekuckt an iwwer d’Entwécklung vum Ee zum Jippelchen geschwat.
Den Héichpunkt war natierlech de Moment, wou déi éischt Jippelcher geschlüpft sinn. D’Kanner waren immens begeeschtert an och e bëssen erstaunt an ängschtlech, esou e klengt Liewewiesen an den Hänn ze halen. Et war e Moment, deen een net esou séier vergësst.
Eng Woch laang duerften d’Jippelcher an der Klass bleiwen, wou si gefiddert, observéiert a verwinnt goufen. Dono goufen si an eng Wiss bruecht, wou si elo méi Plaz hunn a sech weider entwéckele kënnen.
Als Ofschloss vum Projet gouf eng Porte ouverte organiséiert. D’Eltere waren invitéiert, fir d’Resultater ze gesinn, Fotoen ze kucken an d’Erfarunge vun de Kanner ze héieren. D’Kanner hu mat vill Stolz erzielt, wat si alles geléiert hunn.
Dëse Projet wäert sécher laang an Erënnerung bleiwen: en huet net nëmme Wësse vermëttelt, mee och d’Freed um Léieren, d’Gefill vu Verantwortung an eng grouss Portioun Begeeschterung bei Grouss a Kleng.