Kannerradionuecht

27.11.2026

Firwat schmaacht dir Schockela esou gutt a Brokkoli net? Erkennt eng Kou hire Bauer? A firwat huet eng wäiss Rat mat rosa Oueren op eemol Loscht op Nuddele mat Zooss?

Dat sinn d'Froen, déi mir dëst Joer zesumme mat DIR wëlle beäntwerten! De Freideg, 27. November 2026, invitéiert de Radio 100,7 dech vun 19 Auer bis Mëtternuecht op eng grouss Nuecht ronderëm d'Iessen: "Snack Attack – déi kulinaresch Kannerradionuecht".

D'Kannerradionuecht ass eng Nuecht, déi komplett fir dech gemaach ass. Mir lauschtere spannend Geschichten, dorënner "Nuddele mat Zooss", e grousst Lauschterspill vun der Elise Schmit. Mir besichen e Bauerenhaff a grouss Kichen, maachen zesumme Spiller, entdecken nei Rezepter mat engem Kach a lauschtere just déi Musek, déi eis gefält.

Ob s du doheem mat der Famill oder op enger anerer Plaz mat Frënn zesumme bass, all d'Kanner am Grondschoulalter sinn op d’Kannerradionuecht invitéiert. Ëmmer méi Klassen uechter d'Land iwwernuechten esouguer deen Owend zesummen an der Schoul.

Wann s du dech am Virfeld umells, schécke mir dir e Matmaachheft mat Spiller, Rezepter, Quizzer, Hannergrondinformatiounen an dem Text vum offizielle Kannerradionuecht-Song fir matzesangen. A wann s du wëlls, kanns du selwer decidéieren, wéi eng Lidder um Radio gespillt ginn!

Kannerradionuecht