Projet Kachbuch

29.09.2026

An dësem Projet schaffen ech zesumme mat de Schüler aus dem Cycle 4 un engem Kachbuch.

D’Iddi vun dëser Editioun war, Rezepter aus verschiddene Länner z'entdecken an zesummenzestellen. D’Kanner léieren dobäi verschidde Kulturen a Länner kennen an entdecken, wéi ënnerschiddlech Iessen a Kachtraditioune kënne sinn.

Si bedeelegen sech aktiv un der Auswiel an der Gestaltung vun de Rezepter an droen esou dozou bäi, hiert eegent Kachbuch ze kreéieren. Um Enn ass e gemeinsaamt Buch entstan, dat d’Villfalt vun de Kichen aus der ganzer Welt weist.

Vir dat Buch ze kafe soll een en Digicash vu minimum 10 € un d'Nummer: +352 691 540 303 schécken. Natierlech kann een och méi ginn.

Déi gesamt Zomme gëtt un d'Associatioun "Stëmm vun der Strooss" gespent.

D'Buch kënnt dir bei mech oder en Titulaire siche goen.

Alexandra Caniço
Educatrice graduée
Membre de l’équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs ou spécifiques (ESEB)