Gitt bei eis Liespätter oder Liesgiedel

17.09.2025

Hu Dir eng Passioun fir d’Liesen ?

Wär Dir interesséiert, dës Passioun

un Kanner weiderzeginn ?

Da gitt bei eis Liespätter oder Liesgiedel!

Wourëms geet et ?

Dir gitt Pätter oder Giedel bei zwee Kanner. Mat all Kand gesi Dir Iech eemol d’Woch während enger halwer Stonn. D’Kand liest an Dir lauschtert no, verbessert, stellt Froen, diskutéiert mat him iwwer d’Inhalter a maacht him Mutt.

Wou fannen d’Treffe statt ?

Mir treffen eis an der Bibliothéik vun der Stroossener Schoul. Sou kënne mir op all d’Bicher aus der Schoulbibliothéik zréckgräifen.

Wéini fannen d’Treffe statt ?

Mir gesinn eis donneschdes vun 14h30 bis 15h30, ausser an de Schoulvakanzen. Dir liest dann mat all Kand eng hallew Stonn.

Wéi al sinn d’Kanner ?

D’Kanner sinn an de Cyclen 2 an 3 a sinn tëscht 7 an 10 Joer al. Et geet dofir haaptsächlech drëm, op Däitsch ze liesen.

Ween ass mäin Uspriechpartner während de Liesnomëtteger ?

D’Jessica Klopp an d‘Annick Backes, Jofferen aus der Stroossener Schoul, geréieren de Projet an stinn Iech bei Froen zur Verfügung. Bei all Treffen ass een Enseignant aus der Stroossener Schoul dobäi an kann Iech beim Choix vun de Bicher a bei all aner Fro hëllefen.

Wéieng Viraussetzungen brauch ech ?

Wichteg ass, dass Dir gäre liest, soudass d’Kanner dës Passioun spieren. Weiderhinn ass et wichteg, dass Dir gär Zäit mat Kanner verbréngt. Vu dass d’Kanner nach bessi méi laang beim Liesen brauchen, ass och eng Portioun Gedold net vu Muttwëll.

Pädagogesch Firerfahrungen sinn net néideg.

Wann de Projet Iech interesséiert oder Dir Iech nach déi eng oder aner Fro stellt, zéckt net a mellt Iech

per Telefon um 661 942 148

oder per E-Mail