Un all eis kleng Kënschtler vun 3 bis 6 Joer a vu 7 bis 12 Joer aus de Stroossener Schoulen.
Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire huet de Molconcours „Meng schéinste Wanderung « lancéiert.
Et kann een elo op ALL IVV-Wanderunge Zeecheblieder mathuelen, molen an se op er nächster Wanderung erëm ofginn.
Natierlech kann een se och op der Homepage vun der FLMP (hei steet och d’Regelement) eroflueden, an se mat der Post zreckschecken.
Ganz vill schéi Präisser waarde elo wärend 7 Meint op d’Kanner an ofschléissend warden dann och eis „Family-Day-Präisser“ op d‘Verlousung.
D’Mol-Mania op den IVV-Wanderungen ka lassgoen !!
Mir wënschen de Kanner vill Spaass a vill Gléck!
Detailer, Reglement a Flyer vum Molconcours