‘De Piwitsch’ Nummer 8 ass do!

07.05.2024

Schülerzeitung "De Piwitsch" vum Script

De Piwitsch ass net just ee Villchen, deen et zu Lëtzebuerg gëtt, mee zanter kuerzem de Maskottche fir déi nei Schülerzeitung vum Script.

Dat huet ee gudde Grond, de Villchen huet nämlech op sengem Kapp esou eppes wéi eng Antenn. Grad esou wéi ee Journalist, deen ëmmer op Empfang no neien Informatiounen ass.

En huet awer och ee spatze Schniewel, mat deem en no den Infoe gruewe kann an ee faarwegt Fiederkleed, well ee Journalist muss sech och fir all déi verschidden Themen interesséiere kënnen. Beim Projet sollen d'Schüler dann och selwer d'Roll vun engem Journalist iwwerhuelen.

Wat ass ‘De Piwitsch’?
‘De Piwitsch’ ass e Konzept fir d’Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d’Kreativitéit, d’Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.


All Zeitungen vum "De Piwitsch "

Internetsäit vu "De Piwitsch"