D'Organ "Ecole Fondamentale UNESCO de Strassen" verflicht sech dozou säin Internetsite accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft:
Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi een Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, schiel Persounen oder mat engem aneren Handicap) benotzen.
De folgenden Internetsite ass partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 an dem RGAA v4.1.
De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:
D'pedagogesch Tools Wiki, Webbook, Storyboard, Tiparlo, Timeline a Poll sinn op d'kollaborativ Aarbecht ausgeluecht, an op d'produktiv Benotzung vun Schüler an Enseignanten. Si hunn een éischter visuelle Charakter. Et ka net garantéiert ginn, dass all produzéiert Inhalter d'Prinzipien vun der Accessibilitéit respektéieren.
Déi folgend Erklärung gouf den 18.10.2021 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vum Internetsite mat den am RGAA 4.1 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Evaluatioun duerch e drëtt Organ: EducDesign S.A..
Sollt Dir e Problem am Bezuch mat der Accessibilitéit feststellen, biede mir Iech eis eng E-Mail un ze schécken: beschreift eis de Problem sou wéi déi concernéiert Internetsäit. Mir verflichten eis dozou, Iech bannent engem Mount z'äntweren. Fir de Problem laangfristeg ze léisen, gëtt d'Online-Verbesserung vum Problem a Relatioun mat der Accessibilitéit favoriséiert. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt Iech déi gewënschten Informatioun op Wonsch an engem accessibele Format geschéckt:
Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, doriwwer z'informéieren.